Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch (2024)

Politesch, reliéis, a philosophesch neutral - Gegrënnt 1971

Eng Vereenegung fir eiser Sprooch op all verstänneg Fassong ze hëllefen, an hir iwwerall do déi Rechter ze verschafen, déi si zegutt huet

Ënnerstëtzt eis Sprooch a gitt Member vun der Actioun Lëtzebuergesch: online aschreiwen


Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch (1)

Den 13. Abrëll ass um 15:00 Auer d'Generalversammlung vun der „Actioun Lëtzebuergesch“ mat Patt am Festsall vum Jugendhaus zu Mutfert, 1, rue de Medingen.

  • Aktivitéitsrapport vum Joer 2023

Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch (2)

Eng Première: De Comité vun der Actioun Lëtzebuergesch gouf vum neie Kulturminster Eric Thill am Kulturministère empfaangen. Mir haten e flotten a konstruktiven Austausch iwwer eis Aarbecht an eisen Asaz fir d'Lëtzebuerger Sprooch.


De Rotary Club Esch-Uelzecht huet bei Geleeënheet vum 200. Gebuertsjoer vun eisem Nationaldichter Edmond de la Fontaine e ganz schéine Konschtset mam Numm "DICKS-200, den Hexemeeschter" eraus ginn, dat an Zesummenaarbecht mat hirem Member a Karikaturist Carlo Schmitz.

Aus där Iddi ass desweideren e Lëtzebuerger Konschtkalenner fir d'Joer 2024 entstane mat villen neien Zeechnunge vum Carlo Schmitz an interessanten Texter vum Professer Frank Wilhelm zum Liewe vun eisem onvergiessleche Poet an Operetteschreiwer Edmond de la Fontaine, genannt DICKS.

De Benefice vun dësen Actioune geet integral un d'Associatiounen "D'Stëmm vun der Strooss", "Doktere vun der Welt Lëtzebuerg", "Trisomie 21-Lëtzebuerg – Restaurant Madame Witzeg", souwéi un aner humanitär Projete vum Escher Rotary.

Weider Informatioune fannt Dir an dëser Broschür:

  • DICKS-200 an DICKS-2024

Mir hunn un 12 Parteien a Wal-Lëschte 6 Froe geschéckt:

  1. Lëtzebuergesch als EU Sprooch
  2. Formatioun fir Journalisten
  3. Méi Lëtzebuergesch am ëffentleche Raum
  4. Sproochen an de Crèchen
  5. Umellen op der Gemeng
  6. Exame fir Staatsbeamten

10 Parteien hu geäntwert. Klickt op dëse Link fir all d'Äntwerten ze liesen:

  • D'Äntwerte vun de Parteien a Wal-Lëschten

Haut, den 1. Juli 2023 trëtt eng nei Revisioun vun eiser Constitutioun mam neien Artikel 4 a Kraaft, deen am Paragraph (1) eis Sprooch (Lëtzebuergesch) als Sprooch vun eisem Land (Lëtzebuerg) definéiert:

Art. 4.
(1) La langue du Grand-Duché de Luxembourg est le luxembourgeois. La loi règle l'emploi des langues luxembourgeoise, française et allemande.

D'Sprooch vum Grand-Duché vu Lëtzebuerg ass Lëtzebuergesch. D'Gesetz reegelt d‘Benotzung vun der lëtzebuergescher, der franséischer an der däitscher Sprooch.

Domat gëtt eng Joerzéngten al Fuerderung vun der "Actioun Lëtzebuergesch a.s.b.l" haut Realitéit. Dëst hu mir virun allem dem onermiddlechen Asaz vun eisem Vize-President Lex ROTH ze verdanken.

An der neier "eng Klack fir eis Sprooch" (Nummer 293), erkläert eise Vize-President Lex ROTH wéi et zu deem neie Verfassungsartikel komm ass:

  • Eng Klack fir eis Sprooch, Nummer 293

Eise Pressecommuniqué:

  • Pressecommuniqué 01.07.2023

Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch (7)

De 25. Mäerz ass um 15:00 Auer d'Generalversammlung vun der «Actioun Lëtzebuergesch» mat Patt zu Izeg, 20, Conter Strooss (am ale Klouschter) am grousse Sall um 2. Stack, Gebai A.

  • Aktivitéitsrapport vum Joer 2022

Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch (8)

Den Alain ATTEN an eise Vize-President, de Lex ROTH, krute fir d'Joer 2022 am Festsall vum Jongelycée den Nationale Präis fir Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch, d‘„Kaweechelchen“ iwwerreecht, dee vum Educatiounsministère fir déi éischte Kéier iwwerreecht gouf.


Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch (9)

Neijooschpatt: Iwwerreeche vun eiser Bronze Plackett „Dicks-Rodange-Lentz“ un d'Clara MORARU a vun eiser Sëlwer Plackett „Dicks-Rodange-Lentz“ un de Jean KANDEL fir aussergewéinlech Verdéngschter am Kader vun der Lëtzebuerger Sprooch.


D'AL an d'CGFP hunn dem Direkter vum Lycée Michel Rodange, dem Jean-Claude HEMMER am grousse Festsall vum Lycée eng grouss Plack vum Dichter Michel Rodange iwwerreecht, déi vum Julien LEFÈVRE entworf gouf: déi Plack soll am Gebai vum Lycée Michel Rodange op enger Éiereplaz opgehaange ginn. Et goufen och Presentatiounevum Catherine MILLIM, Jean-Luc SCHLEICH, Alain ATTEN a vum Sproochecommissaire Marc BARTHELEMY gehalen.

  • Artikel an der CGFP Zeitung „fonction publique“ vum Januar 2023 (Nummer 276)

Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch (11)

1872 huet de Michel Rodange déi 1. Oplo vum "Reenert" eraus bruecht. Hei fannt Dir déi original Oplo (gescannt vu Google) an d'Oplo vum Romain Hilgert (Lëtzebuerger Land).

Am Kader vum 150. Gebuertsdag vun der éischter Oplo vum Michel Rodange sengem Meeschterwierk 'Reenert', hunn de SCRIPT an den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) zesummen eng nei Schouleditioun opgeluecht. Si baséiert op dem Originaltext vun 1872, deen an déi haiteg Orthografie gesat gouf.

De 'Reenert' steet och am Mëttelpunkt vun engem Colloque, deen de SCRIPT an den ZLS, an Zesummenaarbecht mam Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, den 18. November 2022 vu 14:00 bis 18:00 Auer am Kader vun de Walfer Bicherdeeg um eduPôle zu Walfer (28, Route de Diekirch, Gebai VIII) organiséieren (mellt Iech hei un). Weider Informatiounen op gouvernement.lu.

Op de Walfer Bicherdeeg liesen de Jeff Thill an de Marc Limpach verschidde Passagen aus dem Reenert – allkéiers dee selwechten Extrait eemol op Lëtzebuergesch an eemol op Englesch. Déi Liesung ass Sonndes, den 20. November 2022 ëm 11:45 Auer. De Reenert gouf nämlech och op Englesch iwwersat, a ka gratis online erofgeluede ginn.

Interessant ass och den Artikel iwwer de Reenert op der Lëtzebuerger Wikipedia.

De Lex Roth huet an der aktueller Klack 285 e puer Wierder zu dem "Klassiker" vum Michel Rodange geschriwwen: ‚Eise’REENERT...150 Joer!


Wéi op eiser 50 Joer Feier op der M.S. Princesse Marie-Astrid ugekënnegt, huet de Comité e Grondsazprogramm ausgeschafft, an op der Generalversammlung vum 30. Abrëll 2022 virgestallt. Op der Generalversammlung gouf de proposéierten Text vun de Memberen ugeholl:

  • AL Grondsazprogramm (PDF}

Déi 5 Ziler vum Grondsazprogramm sinn:

  1. Den Zoustand vum Lëtzebuergeschen am A halen
  2. Eis Sprooch a Kultur an hire Status stäerken
  3. Hëllefen datt d'Sprooch geléiert a korrekt benotzt gëtt
  4. D'Siichtbarkeet an de Gebrauch vun der Sprooch stäerken
  5. En Affekot an eng Stäip fir d'Sprooch sinn

20, Conter Strooss
L-5955 Izeg

Tel: (+352) 47 06 12
E-Mail: actioun@letzebuergesch.lu

Facebook: @actioun.letzebuergesch
Twitter: @EisSprooch


Ënnerstëtzt eis Sprooch a gitt Member vun der Actioun Lëtzebuergesch: online aschreiwen


Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch (2024)
Top Articles
Best credit cards that offer preapproval or pre-qualification of August 2024
George Santos pleads guilty, avoiding a looming criminal trial
Yogabella Babysitter
Limp Home Mode Maximum Derate
Mama's Kitchen Waynesboro Tennessee
How To Get Free Credits On Smartjailmail
Bed Bath And Body Works Hiring
Craigslistdaytona
Missing 2023 Showtimes Near Landmark Cinemas Peoria
Unit 1 Lesson 5 Practice Problems Answer Key
What Is Njvpdi
Everything You Need to Know About Holly by Stephen King
Bernie Platt, former Cherry Hill mayor and funeral home magnate, has died at 90
Hartland Liquidation Oconomowoc
Connect U Of M Dearborn
Munich residents spend the most online for food
50 Shades Darker Movie 123Movies
Simplify: r^4+r^3-7r^2-r+6=0 Tiger Algebra Solver
Lazarillo De Tormes Summary and Study Guide | SuperSummary
Uktulut Pier Ritual Site
Virginia New Year's Millionaire Raffle 2022
Td Small Business Banking Login
‘The Boogeyman’ Review: A Minor But Effectively Nerve-Jangling Stephen King Adaptation
Craigslist Maryland Trucks - By Owner
Student Portal Stvt
Helpers Needed At Once Bug Fables
Hannah Jewell
Pipa Mountain Hot Pot渝味晓宇重庆老火锅 Menu
Mbi Auto Discount Code
Japanese Pokémon Cards vs English Pokémon Cards
Ixl Lausd Northwest
M3Gan Showtimes Near Cinemark North Hills And Xd
Lake Dunson Robertson Funeral Home Lagrange Georgia Obituary
Drabcoplex Fishing Lure
#1 | Rottweiler Puppies For Sale In New York | Uptown
Natashas Bedroom - Slave Commands
Myfxbook Historical Data
The Transformation Of Vanessa Ray From Childhood To Blue Bloods - Looper
Blackwolf Run Pro Shop
Busted Newspaper Campbell County KY Arrests
manhattan cars & trucks - by owner - craigslist
Emily Browning Fansite
Craigslist Farm And Garden Reading Pa
Unlock The Secrets Of "Skip The Game" Greensboro North Carolina
Blow Dry Bar Boynton Beach
Chubbs Canton Il
Frequently Asked Questions
bot .com Project by super soph
Used Sawmill For Sale - Craigslist Near Tennessee
Random Warzone 2 Loadout Generator
Used Curio Cabinets For Sale Near Me
Craigslist Farm And Garden Missoula
Latest Posts
Article information

Author: Tish Haag

Last Updated:

Views: 5813

Rating: 4.7 / 5 (47 voted)

Reviews: 86% of readers found this page helpful

Author information

Name: Tish Haag

Birthday: 1999-11-18

Address: 30256 Tara Expressway, Kutchburgh, VT 92892-0078

Phone: +4215847628708

Job: Internal Consulting Engineer

Hobby: Roller skating, Roller skating, Kayaking, Flying, Graffiti, Ghost hunting, scrapbook

Introduction: My name is Tish Haag, I am a excited, delightful, curious, beautiful, agreeable, enchanting, fancy person who loves writing and wants to share my knowledge and understanding with you.